Dagdeeglech
Virun 179 Joer koum den Augste de Saint-Hubert op d'Welt
2 min
Mat der Gebuert haut virun 179 Joer, den 20. August 1843, krut den Xavier Auguste Joseph de Saint-Hubert vu sengem Papp déi belsch Nationalitéit mat an d'Wéi geluecht, déi hien awer mat senger Groussjäregkeet ofgëtt an déi Lëtzebuerger unhëlt. Den August de Saint-Hubert huet Schiggeri an der Nordstrooss an der Stad hiergestallt. Hie war ee vun den éischte Membere vun der Fauna, der spéiderer Société des naturalistes luxembourgeois. 1907 huet hien am Bireler Gronn d'Schlass Saint-Hubert gebaut, dat awer 1957 mam Ausbau vum Flughafen ofgerappt gouf. Hie stierft den 30. Oktober 1908 an der Stad Lëtzebuerg.