Aktuelles
Carsharing: E Mobilitéitsmodell fir d'Zukunft
4 min
Firwat ee Joer laang deier Assurancen a Parkplaze fir en Auto bezuelen, wann een dësen just heiansdo wierklech brauch? Bei Bensinspräisser déi klamme stellt wuel esou muncher ee sech déi Fro den Ament méi dacks. Zemools well et schonn zanter e puer Joer och zu Lëtzebuerg mam Carsharing eng Alternativ gëtt. Mat engem Abo kann ee sech hei e Gefier stonneweis ausléinen a bezilt dat da just op d'Zäit an d'Distanz, op deenen een et och tatsächlech notzt.
Eng 10.000 Leit gräifen schonn op d'Alternativ Carsharing zeréck. Ubidder ginn et zwee am Land: um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg de Car'Loh, iwwer Land de Flex vun der CFL.
D'Vesna Andonovic mécht de Point.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)