Aktuelles
Mëllechbaueren zu Lëtzebuerg mussen elo schonn nofidderen
De feelende Reen mécht de Mëllechbaueren ze schafen. Elo scho misst hie sengen Déiere Fudder ginn, well d'Gras op de Wisen net duergeet, esou de Charel Wildgen, deen zu Fenneng 80 Mëllechkéi huet. Dat ass aussergewéinlech fir dës Zäit vum Summer. Fir dëst Joer wäerte seng Fudderreserven nach duergoen, wann déi nächst Jore weider esou dréche sinn, ass dat awer net méi de Fall. Da kéint een och keng Fudderreservë méi verkafen. De Mëllechbauer seet, datt de Süde vum Land ee Gréngland-Standuert ass, wou d'Kéi mat de Wise sollte genuch ze friessen hunn. Dat kéint sech awer grad änneren, wat fir de Bauer wéinst dem extra Fudder mat méi héije Käschte verbonnen ass.
De Cyrille Hill huet mam Mëllechbauer iwwer seng Aarbecht ënner schwéiere Bedéngunge geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)