Déjà Vu
Neil Young - Harvest
9 min
Bis haut ass "Harvest" dem Neil Young säi meeschtverkaaften Album - dat hat am Februar viru 50 Joer wuel kaum ee bei der Sortie geduecht. Opgeholl gouf den Album zu Nashville an a Kalifornien op der Ranch vum Kanadier. Zweemol ass onerwaart e symphoneschen Orchester derbäi a generell ass d'Wierk éischter roueg gehale mat méi akustesche wéi elektresche Gittaren.
Niewent "Heart of Gold" gouf "Old Man" e weidere Klassiker vum Museker. Ergräifend ass d'Kompositioun "The Needle and the Damage Done", wou et ëm den Drogendoud vum Matmuseker Danny Whitten geet.
De Fred Medernach kuckt op d'Wierk zeréck, dat viru 50 Joer op de Maart koum.