Déjà Vu
Jacques Brel - Les Marquises
De Jacques Brel gëtt just emol 49 Joer al. D'Marquisen, les îles Marquises, franséisch Polynesien gi sengem leschten Album den Titel. De Brel huet Longekriibs, weess ëm seng fragil Gesondheet. Hien enregistréiert zu Paräis, flitt dann erëm zeréck op seng Südsee-Insel, op déi hie sech zeréckgezunn huet, kënnt awer erëm an d'franséisch Haaptstad fir eng weider medezinesch Behandlung. Déi ass ëmsoss ass, hie stierft den 9. Oktober 1978 an der Klinik zu Bobigny.
Den Album verkeeft sech schonn am Virfeld iwwert eng Millioun Mol, jiddweree weess, datt et déi lescht Produktioun wäert sinn. Um Album fënnt een déi Sujeten, déi dem grousse Chansonnier zäitliewens um Häerz louchen: Bourgeoisie ("Les Remparts de Varsovie"), Gesellschaft ("Jaurès"), seng flämesch Landsleit ("Les F...") an awer och den noen Doud, ë. a. mam Titel "Vieillir".
Presentéiert vum Fred Medernach.