Déjà Vu
The Beatles - The BEATLES (The White Album)
U sech heescht den néngte Studioalbum vun de Beatles "The BEATLES", den Numm vun der Band a grousse Buschtawe geschriwwen. Et ass en Duebelalbum, Spilldauer iwwer 93 Minutten, e gëtt awer allgemeng wéinst dem wäissen, minimalistesch gehalene Cover op deem de Gruppennumm agestanzt ass, "The White Album", de wäissen Album genannt. Et ass deen éischte Bandalbum, deen um eegene Label Apple Records erauskënnt.
D'Inspiratioun fannen d'Museker, zesumme mat Kolleegen a Famill, an Indie während enger Meditatiounsphas, opgeholl gëtt méi spéit zu London. D'Band ass zerstridden a sech net eens iwwer de musikalesche Wee. Vill vun den 30 Lidder ginn net am Quartett opgeholl a sinn éischter Solokompositioun, wéi datt nach Band Spirit drastécht.
Um Duebelalbum fënnt ee Liichtes ("Obladi Oblada"), ale Rock 'n' Roll ("Back In The USSR"), experimentell Klangkollagen ("Revolution 9" vum Duo Lennon/Ono), kritesch Texter ("Piggies" vum Harrison) ... an och de Ringo Starr däerf eemol hanner de Mikro ("Don't Pass Me By", iwwerraschenderweis eng Nummer eent an Dänemark). De Fred Medernach kuckt zeréck.