De Péitrussdall ënner der Aler Bréck am Stater Quartier Gronn huet eng Surface vun 3.400 m², vun deenen der 2.500 m² fir Skateboarding reservéiert sinn.
Et ass deen zweete Skatepark an der Stad Lëtzebuerg. Zu Hollerech am fréiere Schluechthaus gëtt et schonn een, deen awer iwwerdaacht ass.