Aktuelles
Ombudsman huet 2021 bal 1.000 Fäll behandelt
4 min
975 Reklamatiounen huet d'Claudia Monti d'lescht Joer aktiv traitéiert, de Moien (12.7.) gouf de Rapport an der Chamber virgestallt. Den Ombudsman soll jo de Bierger zur Säit stoen, wann déi am Konflikt mat staatlechen oder kommunalen Verwaltunge stinn. Voirie a Prozeduren, déi ze laang daueren stoungen dobäi bei de Gemengen virop, beim Staat dogéint sinn e puer Ministèren ëmmer nees am Fokus, virun allem de Finanzministère, den Ausseministère, de Sozial- an den Familljeministère.
Den Ombudsman huet dann och dräi méi prezis Recommandatiounen ausgesprach, et geet dobäi ënner anerem ëm d'Recht op Congé de Maternité an enger gläichgeschlechtlecher Partnerschaft an ëm d'Delaie fir d'Allocation de vie chère unzefroen.
De Jacques Ganser mat weideren Detailer
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)