Dagdeeglech
Virun 10 Joer stierft de John Castegnaro
2 min
De John Castegnaro, gebuer den 3. November 1944 zu Déifferdeng, fänkt mat 16 Joer eng Léier op der HADIR un, wiesselt du mat 19 Joer als Gewerkschaftssekretär bei den LAV, de Lëtzebuerger Aarbechter Verband. Als ee vun den Initiateuren fir eng Eenheetsgewerkschaft ass de John Castegnaro 1979 ee vun de Grënner vum OGB-L, eng Gewerkschaft, déi hien bis zu senger Pensionéierung 2004 presidéiert. Hie kandidéiert fir d'Chamber op der Lëscht vun der LSAP a war Deputéierte vun 2004 bis 2009. De John Castegnaro, deen och President vu verschiddenen Associatiounen a Member a Verwaltungsréit war, stierft haut op den Dag virun zéng Joer.