Dagdeeglech
Viru 94 Joer koum de Marcel Schlechter op d'Welt
3 min
Haut virun 94 Joer, den 9. Juli 1928, koum de Marcel Schlechter op d'Welt. No enger Léier als Gäertner schafft hien op der Schmelz, liwwert Wäin aus a gëtt schliisslech Beruffschauffer bei den CFL. Politesch huet hie sech vun 1957 un an der LSAP engagéiert, gouf 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt a koum 1967 eng éischte Kéier an d'Chamber. Tëschent 1984 an 1989 war hie Minister fir Transport, Ëffentlech Aarbechten an Energie. Verschidde Projete goufe vum Marcel Schlechter an d'Weeër geleet, esou d'Elektrifizéierung vun der Nordstreck, de Bau vun der Collectrice du Sud oder de Contournement vun der Stad Lëtzebuerg, fir nëmmen dës ze nennen.