Sot emol
Lucien Didier: "Fir de Bernard Hinault alles ginn"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
De fréieren Vëlosprofi Lucien Didier war tëschent 1978 an 1984 direkt sechs Mol um Depart vun der Grande Boucle. De Lucien Didier ass fir d'Equipe Renault deemools gefuer, an hie war bei véier vu fënnef Schlussvictoirë vum Bernard Hinault an zwee Mol beim Laurent Fignon mat derbäi. Dernieft ass de Lucien Didier och zwee Mol d'Vuelta, den Tour duerch Spuenien an den Giro d'Italia gefuer. Mat och nach Champion-Titelen zu Lëtzebuerg, zwou Victoirë beim Tour duerch Lëtzebuerg, war zwee Mol bei Olympesche Spiller. 1972 zu München an 1976 zu Montreal derbäi an hie war Sportler vum Joer.
De Lucien Didier an dat huet de groussen Bernard Hinault selwer gesot, war dacks um Dill fir säi Chef d'Equipe de Bierg mat eropzehuelen, wat de Lëtzebuerger Coureur och normal fënnt, well si ebe fir den Hinault gefuer sinn. A bis haut huet de Lucien Didier och en enke Kontakt mam Bernard Hinault. Si telefonéieren dacks mateneen oder si gesi sech op Courssen.
"An hie war och hei beim Laurent op der Hochzäit, mir hu schonn e gudden Kontakt, an ech kann nëmmen dee Mann do respektéieren."
19. Juli 1984: 20. Etapp vu Morzine op Crans Montanna
Dëst war wärend dem Lucien Didier sengem leschten Tour de France awer eng ganz besonnesch Etapp, well genee op deem Dag koum dem Lëtzebuerger Sportler vu Joer säi Fils Laurent, dee spéider och Vëlosprofi gouf, op d'Welt . An no der Arrivée wollt de Lucien Didier just nach heem telefonéiere fir gewuer ze ginn, wéi et senger Fra a sengem Fils geet. Mee dat war net esou einfach, am Hotel waren Telefonen all besat a virun der Telefonskabinn am Duerf stoung och eng Schlaang. A wéi de Lucien Didier do stoung ze waarden, ass e Lëtzebuerger laanscht gaangen an huet gefrot, wat hien dann do géif maachen.
"Ech sot, ech wëll gären heem telefonéieren. (...) Do seet deen, komm, ech hunn hei en Appartement, gees de mat, an da riffs de vun do un."
D'Schoul geet vir
An dozou steet de Lucien Didier och nach haut, hien huet dat bei sengem Bouf gemaach, a hie réit dat och allen aneren. En Ofschloss ass wichteg, well et weess een ni, wat kënnt, eng Blessure, eng Chute oder et kritt ee kee Kontrakt, a schonn ass et eriwwer, an dann? An dofir huet de Lucien och op d'Schoul bei sengem Fils gepocht.
"Ech hunn och mengem Bouf gesot, hei lauschter, ech maachen alles mat. Vëlo, mee d'Schoul muss klappen. Wann d'Schoul net klappt, gëtt de Vëlo op den Nol gehaangen, bis dat klappt."
Episoden
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer hält den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg op. Hien hat den Orchester mat gegrënntt.
![Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!](/1_Foto/100komma7.lu/136182/image-thumb__136182__base_thumbnail/Marie-Jos%C3%A9e%20Jacobs.7fd6ff35.jpg)
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!
Déi fréier Politikerin ass virun allem e Mënsch, dee gären aneren hëlleft.
Jérome Merker: Eleng iwwer den Atlantik
Dem Lëtzebuerger Seegler ass et als éischte Lëtzebuerger gelongen eleng iwwer den Atlantik bis op Guadeloupe ze seegelen.
Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün
Déi fréier Héichleeschtungsportlerin Kimberly Darcy Mae, déi bei d'Schauspillerei gewiesselt huet, ass d'Invitée.
![Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg](/1_Foto/100komma7.lu/106315/image-thumb__106315__base_thumbnail/Nilton%20Martins.0dfe932d.jpg)
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg dierft hien dem Publique als Acteur besonnesch als "Jorsch“ aus dem Andy Bausch sengem "Troublemaker“ an aus der éischter Lëtzebuerger Sitcom "Weemseesdeet“ bekannt sinn.
Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"
En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen
Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
![Tessy Troes: Film, Foto a Fussball](/1_Foto/100komma7.lu/126397/image-thumb__126397__base_thumbnail/Tessy%20Troes.f003a3be.jpg)
Tessy Troes: Film, Foto a Fussball
D'Tressy Troes ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus am Sot emol
![© Jean-Claude Majerus Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/123967/image-thumb__123967__base_thumbnail/Dominique%20Santana.e35972a3.jpg)
Dominique Santana: Konscht a Geschicht
D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
![Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"](/1_Foto/100komma7.lu/120571/image-thumb__120571__base_thumbnail/Richard%20Stephany.90fabb36.jpg)
Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"
En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.
![Frank Maas: Den Auto, eng Passioun](/1_Foto/100komma7.lu/118696/image-thumb__118696__base_thumbnail/Frank%20Maas.b431bf03.jpg)
Frank Maas: Den Auto, eng Passioun
De Frank Mass schafft schonn zanter iwwer 30 Joer beim ACL, dem Automobilclub, dat heescht zanter iwwer 30 Joer steet bei him den Auto a soss Gefierer am Mëttelpunkt.
![Paul Kirps: Artist a Grafik-Designer](/1_Foto/100komma7.lu/117808/image-thumb__117808__base_thumbnail/Paul%20Kirps.53b1ff23.jpg)
Paul Kirps: Artist a Grafik-Designer
Dem Kënschtler seng Wierker sinn an de Kollektioune vum MUDAM, vum Museum für Gestalltung zu Zürech an och vum ganz renomméierte MoMA.
Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
Den Dokter erzielt vu sengen humanitäre Missiounen op Plazen, wou d'Gesondheetsversuergung net garantéiert ass, a wéi hien dat erlieft huet.
Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.
![Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg](/1_Foto/100komma7.lu/106315/image-thumb__106315__base_thumbnail/Nilton%20Martins.0dfe932d.jpg)
Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg
De Nilton Martins ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
![Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien](/1_Foto/100komma7.lu/103408/image-thumb__103408__base_thumbnail/15.10%20Sot%20emol.5d146982.jpg)
Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien
d'Psychologin, Önologin an Clown Laurence ass Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen](/1_Foto/100komma7.lu/95710/image-thumb__95710__base_thumbnail/Fabienne%20Hollwege.6d980253.jpg)
Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen
Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.
![Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche](/1_Foto/100komma7.lu/87430/image-thumb__87430__base_thumbnail/Mirka%20Costanzi.24d187eb.jpg)
Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen
De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.
![Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"](/legacy/images/19111/image-thumb__19111__base_thumbnail/Esther%20Conter.ece6c9d7.jpg)