Sot Emol
Marie-Josée Jacobs: De Mënschen hëllefen!
56 min
De Mënschen ze hëllefen, dat ass sécher eng Iwwerschrëft, déi ee bei der Invitée ouni Zweiwel kann huelen. Hëllefe vun Ufank un, fir d‘éischt an hirem Beruff als Infirmière-Anesthesistin, dann hiren Asaz an der Gewerkschaft, hir politesch Aarbecht an och de benevollen Engagement bei der Caritas. D’Marie-Josée Jacobs war zwanzeg Joer laang Ministerin a Regierunge vum Jacques Santer a Jean-Claude Juncker. 1984 gëtt si eng éischte Kéier an d‘Chamber gewielt. Am Dezember 1992 gëtt d‘Marie-Josée Jacobs, nom Depart vum René Steichen, Landwirtschaftsministerin an och delegéiert Kulturministesch an der Regierung Santer-Poos. Si bleift bis 2013 Regierungsmember, éier si d‘Presidence vun der Caritas iwwerhëlt an dat elo schonn zéng Joer mat vill Engagement.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus