Sot Emol
Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
57 min
Zanter iwwer 30 Joer stellt den Dokter Jean Claude Leners en Deel vu sengem Congé a senger Fräizäit an den Déngscht vun anere Mënschen. De Generalist ass reegelméisseg am Asaz fir d'Gesondheetsversuergung vu Mënschen ze assuréieren, op Plazen, wou dat eben net garantéiert ass.
De Jean Claude Leners war mat der Associatioun German Doctors schonn an Indien, dem Bangladesch a virun allem an de leschte Joren op verschiddene philippinneschen Inselen. Et si manner akut Asätz wéi éischter Laangzäit-Projeten, fir déi de Jean-Claude Leners sech asetzt.
Den Dokter Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an erzielt vu sengen humanitäre Missiounen, a wéi hie se erlieft huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus