Dagdeeglech
Viru 79 Joer koum de Chris Baldo op d'Welt
3 min
De Christian Henri Baldauff alias Chris Baldo wënnt mat 13 Joer en éischte Crochet, hëlt véier Joer méi spéit mat "The Youngsters" eng éischt Single op a kritt e Kontrakt beim däitschen Diskelabel Polydor a bréngt d'Single "Einsam und allein" eraus. An der Zäit wéi den Twist opkoum kennt de Lëtzebuerger Erfolleger mam Gittaren-Orchester Chiens Méchants. 1968 vertrëtt de Chris Baldo zesummen mat der Sophie Garel Lëtzebuerg beim Grand Prix d'Eurovision de la Chanson zu London. De Chris Baldo stierft de 24. Januar 1995 am Alter vun 51 Joer.