Den 18. Juni 1815, haut virun 207 Joer, fänkt bei Waterloo, südlech vu Bréissel, déi lescht Schluecht vum Napoleon Bonaparte un. D'Victoire goung un zwou Arméien, déi vun den Alliéierten, déi gréisstendeels aus Britten an Hollänner bestanen huet, an d'Arméi vun de Preisen. Ouni politesch Ënnerstëtzung bei sengem Retour op Paräis muss den Napoleon zerécktrieden, d'Enn vum franséische Keeserräich. D'Britten hunn hien als Krichsgefaangenen op d'Insel Saint Helena bruecht, wou hien de 5. Mee 1821 stierft.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 207 Joer fänkt dem Napoleon seng lescht Schluecht un
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min