Den 12. Juni 1905 stierft zu Bartreng de Lëtzebuerger Politiker Alexandre de Colnet d'Huart. Nom Doud vu sengen Adoptivelteren ierft hien d'Bartrenger Schlass. Zu Léck an zu Paräis studéiert hie Physik a Mathematik. Hie schafft als Professer am Iechternacher Lycée an dem Kolléisch, deem seng Direktioun hien no senger Karriär an der Landespolitik iwwerhëlt. Den Alexandre de Colnet d'Huart war vun 1866 bis 1869 Generaldirekter vun de Finanzen, dem haitege Finanzministère a vun 1885 bis 1896 Buergermeeschter vu Bartreng. Hie war ee vun de Grënner vun der Loge St. Jean de l'Espérance, der Fräimaurerloge, déi 1848 zu Iechternach an d'Liewe geruff gouf.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 117 Joer stierft den Alexandre de Colnet d'Huart
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min