Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

VaLibrairie

100komma7.lu / VaLibrairie

/ Déi wonnerbar Valibrairie LIVE aus der Galerie39

Déi wonnerbar Valibrairie LIVE aus der Galerie39

headphones

0 min

D'Kënschtlerin Sandrine Ronvaux huet mat hirer Kollektioun "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" der Lëtzebuerger zäitgenësseger Literatur en Hommage gesat.

Si huet sech mat de literaresche Wierker vu sechs Lëtzebuerger AutorInnen ausenegesat. Sechs AutorInnen vu verschideenem Alter, verschidde Stiler, verschidden Sproochen an verschidden Approchen.

Et handelt sech hei ëm den Tullio Forgiarini, de Gast Groeber, de Ian de Toffoli, de Romain Butti, d'Claudine Muno an d'Nathalie Ronvaux.

D'Sandrine Ronvaux huet sech an d'Bicher vun de 6 AutorInne gestierzt. Wéi eng Sujeten kommen ëmmer erëm, wéi eng Wierder, wéi e Genre, wéi eng Approche ass individuell fir déi eenzel AutorInnen an dat mam Zil d'Resultater vun dëser intensiver Recherche an eng visuell Sprooch ze iwwersetzen.

U sech en Reduzéieren, en Zeechen fir eng Iddi, fir eng Iwwerleeung, fir eng Approche, eng Traduktioun an e Resumée.

Wat een dann op den Tableaue gesäit, erënnert un Hieroglyphen oder souguer un d'Höhlenmolerei, mee et brauch een net esou wäit zréck ze goen, et geet duer bis an den Atelier vum uruguayesch-spueneschem Kënschtler Joaquim Torres Garcia ze goen, fir d'Spueren vun dësem Moler, Skulpteur an Auteur z'erkennen, deen och dem Miro säi Léiermeeschter war.

1934 ass den Torres Garcia aus Spunien zréck an den Uruguay gaangen, wou hien seng "Escuola del Sur"- Schoul vum Süden gegrënnt huet an an de folgenden Jorzéngten déi latäinamerikanesch Konscht beaflosst huet. Vun der figurativ- realistescher Billersprooch an déi abstrakt Konschtrichtung. Ewech vun der Duerstellung vun historeschen Evenementer a hin zu der Reflektioun vun der gesellschaftlecher an urbaner Entwécklung vu Latäinamerika.

D'Kënschtler hunn do des Erausfuerderung ugeholl, mat grousse Succès. An d'Sandrine Ronvaux geet an dëse Wierker also net just der Identitéit vun de sechs Auteuren op d'Spuer, mee och dem Latäinamerikaneschem Konstruktivismus, speziell dem Torres Garcia.

Pyrogravure op Holz an Aquarellzeechnungen vun der Sandrine Ronvaux sinn an der Expo an der Galerie39 ze Diddeleng gewise ginn an de Radio 100,7 war mat der Emissioun "Déi wonnerbar VaLibrairie" eng Stonn laang op der Plaz, wou dann déi eenzel SchrëftstellerInnen am Austausch mat der Kënschtlerin iwwer hier Literatur an iwwer d'Exponaten geschwat hunn. Moderatioun haten d'Valerija Berdi an de Michel Delage.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Schrëftstellerin oder Schrëftsteller sinn a Krisenzäiten

Wéi geet et de Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren haut, wéi erliewe si d'Aktualitéit a wéi en Afloss huet dat op hiert Schreiwen?
headphones

56 min

play_arrow

Déi Wonnerbar VaLibrairie

Franséischsproocheg Literatur am Fokus: Interview mam Jean-Philippe Toussaint. Bicher vum Mount: "Les Fleurs du mâle" (Claude Schmit) a "Vidée vers la mer pleine" (Florent Toniello)

Zwou nei literaresch Publikatiounen an de Prix Laurence, am Kader vum Literaturfestival LiteraTour zu Beetebuerg a vun Esch2022. Invité ass den Organisateur an Auteur Pit Hoerold.
headphones

66 min

"Lärm", deen neie Roman vum Guy Helminger, 12 jonk Autorinnen an Auteuren an hir kuerz Texter bei Nos cahiers, an Invitée ass déi franséisch Schrëftstellerin Sofia Aouine.
headphones

55 min