De Victor Tedesco koum den 28. Juni 1821 an der Stater Chimays-Gaass op d'Welt. Hie verléisst de Kolléisch an der Stad ouni Ofschloss a schreift sech mat knapps 18 Joer zu Léck op der Uni an, wou hien Droit studéiert. Als Student ass hie politesch aktiv, engagéiert sech an enger Fräimaurerloge a steet dem Karl Marx ganz no. 1848 rifft hien zesummen mat aneren zum Stuerz vun der jonker belscher Monarchie op. No enger mësslongener Aktioun fir d'Republik auszeruffen, gëtt hie verhaft an zum Doud verurteelt. Déi Strof gëtt an 20 Joer Prisong ëmgewandelt a schonn no fënnef Joer kënnt de Victor Tedesco nees op fräie Fouss. Hien installéiert sech zu Arel als Affekot, gëtt Member vum Provënzialrot vun der Provënz Lëtzebuerg a Member vum Areler Gemengerot.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 125 Joer stierft de Victor Tedesco
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min