Wéi vill Jonker am Ufank vum 20. Joerhonnert geet den Nic Biever op d'Schmelz schaffen. Hei engagéiert hie sech séier gewerkschaftlech, avancéiert vum haaptamtleche Sekretär 1938 zum President vum LBMV (Luxemburg Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband). Politesch engagéiert hie sech lokal, duerno national. 1925 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt, gouf hie bis zu sengem Doud allkéiers zeréckgewielt. Nom Zweete Weltkrich war den Nic Biever Aarbechtsminister. Hie stierft de 15. Juli 1965 am Alter vun 71 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 128 koum den Nic Biever op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min