De 15. Mee 1985, haut viru 37 Joer, fänkt eng 2 Deeg laang Visitt zu Lëtzebuerg vum Poopst Jean-Paul II un. Eng Visitt déi 32 Stonnen gedauert huet, 11 Etappen mat 4 Héichpunkten stoungen um Programm. Fir déi Lëtzebuerger Kierch war et een historeschen Evenement, déi sech ënnert dem Thema "Dem Härgott säi Räich - dem Mënsch säi Liewen" op den héije Besuch virbereet hat. Den zweeten Dag vum Besuch dominéiert eng Mass um Glacis mat ronn 60.000 Mënschen. Bei sengem Depart ernennt de Poopst um Findel den deemolegen Bëschof Jean Hengen zum Äerzbëschof.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
héije Besuch viru 37 Joer zu Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min