Dagdeeglech
Viru 36 Joer kritt d'Lëtzebuerger Vollek de Karlspräis
4 min
1950 ageféit, gëtt den Internationale Karlspräis zu Oochen fir Verdéngschter fir Europa a fir déi Europäesch Integratioun iwwerreecht. Ginn an der Reegel Persounen geéiert, esou war et 1986 eng éischte Kéier, datt ee Vollek dës Auszeechnung krut. Stellvertriedend fir d'Lëtzebuerger huet de Grand-Duc Jean déi Auszeechnung entgéint geholl. De Präis ass eng Medail an een Akt, dee vun de Membere vum Direktiounscomité ënnerschriwwe gëtt. De Karel de Groussen, ee vun den bedeitenden Herrscher am Mëttelalter, ass op der viischter Säit vun der Medail duergestallt, op der Récksäit den Numm vum Laureat an een Text, deen him gewidmet ass.