Déjà Vu
Joe Cocker - It's All Over But The Shoutin'
6 min
Dee vum Jim Price produzéierte Release fënnt manner Uklang, wéi deen och vun him betreite Virgänger "I Can Stand A Little Rain". De Grond kéint sinn, datt de Gros vun de Lidder aus ale Sessioune besteet an dunn op "Jamaica Say You Will" veréiwegt gouf - "Reschtverwertung" kéint ee soen, och wann dem Cocker seng Stëmm sämtleche Lidder en onverkennbare Stempel opdréckt.
Mam Jackson Browne (Titelsong) an zweemol Randy Newman hu prominent Musekerkolleege Material zur Verfügung gestallt. De Fred Medernach huet den Album nach emol gelauschtert.