VaLibrairie
Schrëftstellerin oder Schrëftsteller sinn a Krisenzäiten
56 min
Kricher gouf et a ginn et permanent, de Krich an der Ukrain schéngt eis awer méi ze betreffen, net just vun de bewaffneten Ausenanersetzungen hier, net just am Kontext vun enger sougenannter Flüchtlingswell, mee och ekonomesch a sozial. Vill Mënschen hunn Ängschten, virun den finanziellen Auswierkungen awer och Angscht, dëse Krich kéint zu engem Drëtte Weltkrich féieren.
A Krisenzäite sinn et Kënschtler, sief et an der bildender Konscht, am Film, an der Musek an natierlech an der Literatur, déi hir Andréck, hir Emotiounen artistesch verschaffen. Wéi geet et de Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren haut, wéi erliewe si d'Aktualitéit a wéi en Afloss huet dat op hiert Schreiwen?
Fir doriwwer ze diskutéieren hu mir d'Lyrikerin Ulrike Bail, den Dichter a Schrëftsteller Jean Portante a vu Berlin aus ass eis den Auteur Maxime Weber zougeschalt. Weider ass d'Professer Dokter Jeanne Glesener vun der uni.lu eis Invitée, fir iwwer eng rezent Konferenz ze schwätzen, déi si an Italien organiséiert hat mam Sujet Literatur an der Militäroccupatioun.