Dagdeeglech
Viru sechs Joer stierft de Louis Pilot
3 min
1960, mat 19 Joer, verléisst de Louis Pilot d'Escher Fola fir beim Standard vu Léck Profi-Fussballspiller ze ginn. Hie spillt bis 1978 nach bei zwee anere belsche Veräiner. A 50 Partien vertrëtt hien déi Lëtzebuerger Faarwen an der Nationalekipp, schéisst siwe Goaler fir déi rout Léiwen. No der Karriär als Spiller gëtt de Louis Pilot Trainer. Bei 40 Partien trainéiert hien d'Nationalekipp. 1984 geet et fir eng Saison als Trainer bei de Standard vu Léck, dunn nees zeréck an d'Land fir bis 1990 d'Etzella Ettelbréck an den Avenir Beggen ze coachen. De Louis Pilot stierft de 16. Abrëll 2016 am Alter vu 75 Joer.