D'Marine Le Pen kënnt fir d'zweet an d'Stéchwal. Am éischte Waltour vun de franséische Presidentschaftswalen koum déi reits-extrem Kandidatin mat 23 Prozentpunkten hanner de President Emmanuel Macron op déi zweet Plaz.
Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis gëschter um Marine Le Pen hirem Walowend an huet d'Memberen iwwer hir Visioun vun der EU befrot.