Keng Gebuerte méi am Centre Hospitalier du Nord (CHDN): Déi Nouvelle koum och fir d'Hiewanen aus der Ettelbrécker Maternité iwwerraschend. Et wier een um Sonndeg Owend iwwer d'Medie gewuer ginn, datt d'Ettelbrécker Maternité provisoresch géing hir Dieren zoumaachen, huet et gëschter an engem Communiqué vun der Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes geheescht. Et wéisst een aktuell weder, wéi laang d'Maternité zu Ettelbréck zou wier, nach wat an deene nächste Wochen, respektiv Méint, mat den Hiewanen an de Patienten aus der Ettelbrécker Maternité soll geschéien, esou d'Nadine Barthel, d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hiewanen. Et wier ee schockéiert an traureg, et wier ongewëss fir jiddwereen, wat géif geschéien.
arrow_back_ios
Aktuelles
Fermeture Maternité Ettelbréck - Hiewane schockéiert an traureg
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
