Den European Recovery Program, sou den offiziellen Numm vum Marshallplang, huet virgesinn, dass d'USA nom Zweete Weltkrich mat Hëllef vu Kreditter, Matière Première, Liewensmëttel a Wueren Europa ekonomesch hëlleft nees op d'Been ze kommen. Den ERP ass vun 1948 bis 1952 gelaf. De Numm Marshallplang geet op de Numm vum deemolegen US-Ausseminister George C. Marshall zréck, deen d'Iddi hat fir esou een Programm opzestellen. Europa enger Säit hëllefen, op där anerer Säit awer och zur gläicher Zäit een neien Ofsazmaart fir déi amerikanesch Iwwerproduktioun schafen, sou d'Iddi vum European Recovery Program.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Marshallplang viru 74 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min