Dagdeeglech
1929: Éischte Fraendag gëtt zu Lëtzebuerg gefeiert
3 min
1927 huet d'Enseignante Henriette Clement-Bessling d'Fraenorganisatioun Foyer de la Femme gegrënnt, där hir Aktivitéite sech op sozial a Famillje-Froe bezunn hunn.
Ufank 1928 koum déi éischt Editioun vun der Page de la Femme als Zousaz vum Escher Tageblatt, eraus. D'Lieser konnte sech iwwer de Veräin, seng Ariichtunge fir Kannervakanzen a Frae-bezunne Sujeten informéieren.
Am Supplement vum 23. Mäerz 1929 ware fir d'éischte Kéier Informatiounen iwwer den Internationale Fraendag, fir deen de Foyer de la Femme Fraen opgeruff huet ze militéieren.
Deemools waren de Fraen hir Revendicatiounen keng politesch Rechter, mee si hunn et al hir Aufgab gesinn, un der Säit vum Mann fir d'Aarbechterklass a fir hir Kanner ze kämpfen.
Donieft huet de Foyer de la Femme och géint Diskriminatioun vu bestuete Frae rassembléiert.