Dagdeeglech
virun 144 Joer koum de Léon Weirich op d'Welt
3 min
De Léon Weirich huet sech fréi a sengem Liewen an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert, war President vum Gewerkschaftsbond an der Aarbechterkummer. 1928 gouf hien als Deputéierten fir de Süden an d'Chamber gewielt, 1935 an den Escher Gemengerot. De Léon Weirich war ee vun de Grënnungsmemberen a Member vum Verwaltungsrot vun der Escher Genossenschaftsdréckerei (Imprimerie Coopérative), dem haitegen Grupp Editpress. Mam Iwwerfall vun Nazi-Däitschland a Lëtzebuerg, gouf de Léon Weirich vun der Gestapo verhaft. Hien ass den 31. Januar 1942 am KZ Dachau un de Folge vu Mësshandlungen gestuerwen.