Déi dräi Marimba-Spiller vum Trio SR9 hu sech mat dräi weidere Museker zesumme gedoen, fir e Programm mam Maurice Ravel am Zentrum opzehuelen. Ënner dem Titel "Ravel Influence(s)" proposéiere si Wierk vum a ronderëm de franséische Meeschter.
Duerch déi ongewéinlech Besetzung kéint een dës Stécker an engem neie Liicht entdecken, seet d'Marie Schockmel. Hat huet an dës nei Sortie era gelauschtert.