Et war eng Campagne vum Mahatma Gandhi mat där de Salz-Monopol vun de Britten sollt gebrach ginn an zu der indescher Onofhängegkeet vu Groussbritannien féiere soll. Vu sengem Wunnuert aus goung de Gandhi mat 78 Sympathisanten iwwer 385 Kilometer bis bei d'Arabescht Mier. Hei huet hien symbolesch e puer Käre Salz opgehuewen. Hien fuerdert seng Landsleit op et him nozemaachen a selwer Salz ze gewannen andeems si eng Schossel mat Salzwaasser an d'Sonn stellen a verdonste loossen. Dem Gandhi säin Wonsch vun der Onofhängegkeet sollt awer nach 17 Joer daueren bis 1947.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
virun 92 Joer: Gandhi start de Salzmarsch
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min