Dagdeeglech
Aféierung viru 97 Joer vum "Butler Act"
3 min
Dem Farmer John Washington Butler no, wär d'Léier vun der Evolutiounstheorie verantwortlech dofir, dass Kanner net méi follegen géifen. Hien huet sech am Parlament dofir agesat, dass ee Gesetz et dem Léierpersonal soll verbidden all Theorien ze léieren no deenen de Mënsch, net wéi an der Bibel geléiert säin Ursprong bei Gott huet, mee vun enger niddreger Uerdnung vun Déieren ofstaamt. Wien dat net respektéiert huet konnt zu enger Geldstrof vun 100 bis 500 $ gestrooft ginn. Iwwer 40 Joer huet de Sträit tëscht Géigner a Sympathisanten vum Gesetz "Butler Act" ugehalen, bis et schlussendlech den 1. September 1967 opgehuewe gouf.