Dagdeeglech
Virun 152 Joer koum de Maurice Pescatore op d'Welt
2 min
Vun 1898 bis 1915 war de Maurice Pescatore Direkter vun der Faiencerie am Rollengergronn, gouf hei 1905 Buergermeeschter, a war Member vun der Handelskummer. 1908 gouf hien als Member vun der Liberaler Partei an d'Chamber gewielt. Wéi 1919 de Referendum zu Gonschte vun der Groussherzogin Charlotte ausgoung, kandidéiert de Maurice Pescatore net méi fir d'Parlament. Gudde Frënd vum Baron de Coubertin, dem Grënner vun de modernen olympesche Spiller, war de Maurice Pescatore 1912 Matgrënner vum Lëtzebuerger Olympesche Comité deen hien vun 1922 bis 1925 presidéiert. Um Wee zréck vun enger Rees an Afrika stierft de Maurice Pescatore den 30. Abrëll 1928 bei Dakar am Senegal am Alter vun 58 Joer.