Den Tim Berners-Lee gëllt als Papp vum World Wide Web. Hien huet virun 31 Joer, de 26. Januar 1991, deen éischte Web-Browser presentéiert. Den Englänner hat 1989 dem CERN ee Projet proposéiert, fir de weltwäiten digitalen Austausch an d'Aktualiséiere vun Informatiounen tëschent Wëssenschaftler. No der Presentatioun vum weltwäit éischte Web-Browser goung den CERN am August 1991 mat der weltwäit éischter Websäit online. Am Juli 2004 gouf den Tim Berners-Lee, deen 1994 de World Wide Web Consortium gegrënnt huet, vun der Kinnigin Elizabeth II zum Ritter geschloen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 31 Joer gëtt de World Wide Web "erfonnt" ...
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min