Wéi si et 1923 opgemaach hunn, war et praktesch ganz erhalen a war ni geplëmmt ginn.
Den Tutanchamun, ursprénglech Tutanchaton, war e Kinnek, e Pharao aus dem Alen Ägypten, vun der 18. Dynastie aus dem sougenannten Neie Räich, deen ongeféier tëschent 1332 an 1323 v. Chr. regéiert huet.
Hien koum mat véier Joer als Tutanchaton op den ägypteschen Troun. Et gëtt ugeholl, datt d'Priisterschaft vu sengem jonken Alter profitéiert huet, fir d'Revolutioun, déi den Echnaton zu hiren Ongonschten ausgeléist hat, an déi doranner bestanen huet, den Aton als Haaptgott ze veréieren, nees réckgängeg ze maachen.
Den Tutanchaton huet deemno säin Numm an Tutanchamun ëmgeännert. Och déi vum Echnaton nei gegrënnten Haaptstad Achet-Aton gouf opgeléist, an de Kinnekshaff ass op Memphis geplënnert.
Den Tutanchamoun ass jonk, mat 18 bis 20 Joer, tëschent Dezember 1324 v. Chr. a Mëtt Februar 1323 v. Chr. gestuerwen. Et gëtt ugeholl, datt hien duerch en Accident gestuerwen ass.
Analyse vu senger mumifizéierter Läich hunn 2005 erginn, datt en d'Bee gebrach hat.