Dagdeeglech
1869: Theater an der Stad am fréiere Kapuzinerklouschter ageweit
2 min
De Kapuzinertheater, och Alen Theater genannt, ass den Theater an der Kapuzinerstrooss an der Stad Lëtzebuerg. D'Gebai gouf 1623 gebaut a war bis 1795 e Klouschter vun de Kapuziner.
Op engem 15. Februar 1869 gëtt den Theater vun der Stad Lëtzebuerg am fréiere Kapuzinerklouschter, a Presenz vum Prënz Henri, ageweit. Gespillt gouf d'Operett "Le Savetier et le Finacier" vum Jacques Offenbach an "Un capitaine de voleurs" vum Jean-Antoine Zinnen.
Vu 1796 bis 1868 ass d'Gebai vun der Garnisoun als Fruuchtspäicher an als Bäckerei gebraucht ginn. Duerno war et vun 1869 bis 1964 den Theater vun der Stad Lëtzebuerg. Nodeems den Neien Theater um Rond-point Schuman fäerdeg war, gouf d'Gebai ëmgebaut. Als Erënnerung un dat fréiert Klouschter gouf den Theater 1985 Kapuzinertheater genannt.