Dagdeeglech
269 stierft de Valentin von Terni
3 min
Am drëtte Joerhonnert no Christus soll de Bëschof Valentin vun Terni chrëschtlech Koppele bestuet hunn, obschonn den deemolege Keeser dat verbueden hat. Zum Beispill hunn d'Zaldoten sech net däerfe bestueden, de Bëschof Vältes huet et awer gemaach, an hie soll hinnen esouguer Blummen aus sengem Gaart geschenkt hunn. Iwwer d'Grenzen vu Roum an Italien eraus war den hellege Valentin vun Terni bekannt, well hien och Koppele bestuet huet, déi net deem selwechte Stand oder deem selwechte Vollek ugehéiert hunn. Just d'Léift war wichteg.
D'Legend beseet och, datt besonnesch déi Bestietnesser ënner engem gudde Stär stoungen an och extra laang gehalen hunn. A well dem Keeser dat dunn iergendwann en Dar am A war, gouf de Bëschof Valentin de 14. Februar 269 op Uerder vum Keeser Clausius II. gekäppt.