Dagdeeglech
Virun 118 Joer stierft den Emile Metz
3 min
No éischte berufflechen Erfarunge bei der brittescher Baufirma Waring Brothers, trëtt den Emile Metz a sengem Papp seng Stol-Firma Société Metz & Cie. an. Hien iwwerzeegt säi Papp de Brevet fir den Thomas-Gilchrist-Procedé ze kafen, fir d'Minett ze entphosphoriséieren. Hie gouf administrateur-delegué vun der Diddelenger Schmelz, déi no där neier Prozedur Stol produzéiert. Den Emile Metz war och politesch aktiv, esou war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Eech an Deputéierte vum Kanton Capellen an der Chamber. Den Emile Metz stierft haut virun 118 Joer, den 13. Februar 1904, am däitschen Heidelberg no enger Operatioun.