arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 49 Joer stierft den Alphonse Weicker
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Am Alter vun 28 Joer war den Alphonse Weicker Matgrënner vun der Banque Générale du Luxembourg. Ganzer 50 Joer war hien Administrateur Delegué vun där Bank. Do dernieft war hien och President vum Cercle artistique de Luxembourg a President vun der FEDIL. 1911 stoung hien eng éischte Kéier am Gol vun der Lëtzebuerger Fussballnationalekipp. Nom Alphonse Weicker sinn um Kierchbierg eng Strooss an een Arrêt vum Tram benannt.
Kultur
Politik a Gesellschaft