Am jonken Alter vun 21 Joer gouf beim Englänner eng chronesch ALS diagnostizéiert, déi duerch een extreem laange Krankheetsverlaf gezeechent war. Zanter 1968 op e Rollstull ugewisen, gëtt den Hawking ëmmer méi geläämt a verléiert 1985 och d'Fäegkeet ze schwätzen. Hie gebraucht vun do u fir déi verbal Kommunikatioun ee Sprooch-Computer, deen hie mat de Muskelen an engem Bak gesteiert huet. All dat sollt hien awer net dovunner ofhalen zu engem vun de weltwäit gréissten a bekanntsten Astrophysiker ze ginn, deen a sengem spéidere Liewen engem grousse Public duerch seng Tëlee-Serien a Bicher bekannt gouf, an deenen hien d'Wëssen iwwer den Universum an déi modern Physik op verständlech Aart a Weis vermëttelt huet.
De Stephen Hawking ass de 14. Mäerz 2018 verstuerwen. Seng Äsche goufen zu London an der Westminster Abbey nieft de Griewer vu Sir Isaac Newton an Charles Darwin bäigesat.