Als Nieweprodukt vun der Regierungsëmbildung an Éisträich ass eng al Debatt nees opkomm. Et geet ëm den Ëmgang mam Personnage Engelbert Dollfuß. Dësen hat als éisträichesche Kanzler an den 30er Joren d'Parlament ausgeschalt an eng faschistesch Diktatur erriicht, éier hie vun den Nationalsozialisten ëmbruecht gouf. Besonnesch déi konservativ Regierungspartei ÖVP huet bis haut en ambivalent Verhältnis zu der Persoun Dollfuß. De Stephan Polet huet mat enger Historikerin doriwwer geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Éisträich a säin Ëmgang mam Austrofaschismus
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
