D'Belsch huet an de leschte Wochen eng véiert Well vu Covid-Infektiounen erlieft. Zirka 840 Patiente si momentan op enger Intensivstatioun, eng Zuel déi zanter e puer Deeg stabil ass. De Maximum schéint also erreecht ze sinn. Trotzdeem goufe rezent eng Rei nei Moossname geholl, wéi zum Beispill eng verlängert Chrëschtvakanz oder nach d'Maskeflicht vu sechs Joer un. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen
arrow_back_ios
Aktuelles
Véiert Well vu Covid-Infektiounen an der Belsch: Maximum erreecht
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
