Et war ee grousse Risk, deen d'Regierung ënner dem Premier Pierre Werner deemools agoung mat der SES eng Firma mat Sue vum Steierzueler ze grënnen, déi Satellitte bedreiwe soll fir d'Iwwerdroen vu Radio- an Tëleesprogrammer. Et sollt awer eng Erfollegsgeschicht sonnergläiche ginn. Hautdesdaags bedreift d'SES weltwäit iwwer 50 Satellitten, erreecht ronn 99 Prozent vun der Weltpopulatioun an ass deen zweetgréisste Bedreiwer vun Kommunikatiounssatellitte weltwäit.
arrow_back_ios