De Coiffer Léon Moulin stoung am jonken Alter vun 13 Joer eng éischte Kéier op der Bühn, dat am Batty Weber senger Revue "Peffer a Salz". Nom Éischte Weltkrich war hien a verschiddenen Theater-Ensembelen aktiv. Vun 1933 un war hien fest bei Radio Lëtzebuerg agestallt wou hien bis zu senger Pensionéierung 1964 d'Nolauschterer mat sengen Emissiounen a senger eemoleger Stëmm an Aussproch begeeschtert huet.
arrow_back_ios