De Wëllem III ordonéiert eng fundamental Revisioun vun der liberaler Konstitutioun vun 1848 a léist d'Chamber op. Fir d'Chamber, déi deemools nach Assemblée des Etats geheescht huet besser kënnen ze kontrolléieren, gouf de 27. November 1856 vum Wëllem III am Artikel 7 vun der Konstitutioun vun 1856 ee Conseil agefouert. Dësen ass den Ursprong vum haitegen Lëtzebuerger Staatsrot.
arrow_back_ios