De 6. November 1842 kënnt den Adolphe Sax zu Dinant an der Belsch op d'Welt. Dee Mann, deen de Saxofon erfonnt huet. De Jong vun engem Instrumentebauer ass 1842 op Paräis geplënnert an huet eigentlech un der Verbesserung vun der Klarinett an der Bassklarinett geschafft an dobäi e ganz neit Instrument geschafen.
Mat der Ënnerstëtzung vum Hector Berlioz huet den Adolphe Sax de Saxofon genee wéi d'Saxhar an d'Saxtuba erfonnt. De Berlioz war vun der Vilfältegkeet, vun der Schéinheet vum Ausdrock vum Saxofon beandrockt. Mol feierlech-eescht, passionéiert, verdreemt oder melancholesch, laut dem Berlioz huet keen anert Instrument deen apaarte Klang, dee bis un d'Grenze vun der Stëllt geet.