Aktuelles
Space economy: e Secteur wiisst
De Lëtzebuerger Space-Secteur presentéiert sech um International Astronautical Congress (IAC) zu Dubai.
D'IAC ass kee richtege Kongress, éischter eng Foire, op där déi grouss Acteuren aus der space economy sech Rendez-vous ginn. Dëst Joer zu Dubai. Lëtzebuerg ass do mat engem Stand vun der Luxembourg Space Agency vertrueden, d'Chambre de Commerce huet eng Wirtschaftsmissioun dohinner organiséiert, an de Wirtschaftsminister Franz Fayot ass op der Plaz fir déi Lëtzebuerger Ambitiounen an deem Beräich däitlech ze maachen. D'Regierung wëllt dee Secteur jo geziilt weiderentwéckelen. An déi Beméiunge schéngen och net ëmsoss ze sinn. Vun Dubai e Reportage vum Maurice Molitor.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)