An den 1920er Joren hunn an den USA vill Leit Kreditter opgeholl fir op der Bourse ze spekuléieren a gehofft, datt d'Coursen ëmmer weider an d'Luucht ginn. E puer Deeg virum 24. Oktober 1929, also haut virun 92 Joer, goung den Dow Jones scho lues erof. Esou ass dunn haut virun 92 Joer Panik ausgebrach, Wäertpabeiere goufe massiv verkaaft, an zum Schluss vum Dag ware vill Leit héich verschëlt. Den Trend no ënne sollt nach massiv e puer Deeg unhalen. Dëse Schwaarzen Donneschdeg gëllt als Ausléiser vun der Great Depression an den USA an och vun der Weltwirtschaftskris kuerz drop. Bei eis geet rieds vum schwaarze Freideg, gemengt ass awer dat selwecht. Dat koum doduerch, datt d'Noriichten deemools nach net esou séier zirkuléiert si wéi haut des Daags. Esou koum d'Nouvelle an Europa eréischt de Freideg un, dëst nodeems op der Wall Street schonn Feierowend war.
arrow_back_ios