Dagdeeglech
Virun 140 Joer koum de Jacques "Jack" Müller op d'Welt
1900, am Alter vu 19 Joer, wandert hien aus an d'USA. De passionéierte Moler verfeinert säi Wëssen an Owescoursen a schafft duerno als Dekorateur. Bannent e puer Joer dekoréiert hie mat senge Molereie 27 Kierchen a Kathedralen. Den "Jack" Müller ass och begeeschtert vun der Fligerei, grënnt eng Firma fir Aeronautic, muss déi awer verkafen éier säin éischte motoriséierte Fliger fäerdeg gëtt. Bei enger Visitt 1914 a senger aler Heemecht brécht den Éischte Weltkrich aus an hie kann net méi zeréck an Amerika. Hie bedreift dunn am Bourgronn eng Minière, erfënnt ee Schutz géint de Rascht an experimentéiert a senger Grouf bis nom Zweete Weltkrich.