Am Hierscht 1941 gouf den Drock op de Gauleiter Simon ëmmer méi grouss, Erfolleger op Berlin ze mellen. Sou koum d'Iddi vun enger "Personenbestandsaufnahme", eng Zort Vollekszielung. Um Froebou goung och riets vu "Muttersprache" an "Volkszugehörigkeit", Froen déi ee gebieden war mat "deutsch" auszefëllen. Wéi déi Froen bis bekannt waren, hunn Resistenz-Organisatiounen Alarm geschloen an heemlech eng Campagne mat Fluchblieder organiséiert mam Opruff, de Froebou net auszefëllen oder ze zerstéieren. Si hu gefaart, dass déi virgeschriwwenen Äntwerten dem Gauleiter um sëlwer Plateau d'Argument géifen zerwéieren, Lëtzebuerg ze annektéieren a Lëtzebuerger an d'Wehrmacht anzezéien.
Bei Stéchprouwen déi d'Zivilverwaltung dunn haut virun 80 Joer gemaach huet, gouf séier däitlech, dass d'Resultat net deem géif entspriechen wat sech d'Nazien gewënscht haten, an d'Aktioun gouf ofgeblosen.